jaas.lu

Vakanz am Sénégal
Jaasi
2. September 2008 um 12:29

D'Carole an ech woren 10 Deeg an d'Vakanz an den Sénégal. Hei gesait een dass en Hafen (deen vun Dakar) de groussen Ennerscheed mecht vun der Entwecklung hier par rapport zum Mali. Dakar selwer ass eng entweckelt Stadt, mat Héichhaiser, Sportsbuttecker, Patisserien asw... Bamako ass do weit weit weit hannendran.

An der Brousse gesait et dann awer plus ou moins d'selwescht ennerentweckelt aus wéi am Mali. Leider ...

Eis éischt Etapp huet eis an den Norden gefouert op St-Louis, déi aal Haaptstadt vum Sénégal an och zugleich dei éischten Stadt déi vun den Fransousen colonialiséiert gouf an Westafrika. Ech muss soen, d'Insel (well St-Louis leit zum Deel op enger Insel) ass wonnerschéin, mat lauter colonialen Bauten, an steet och ennert aanerem enner "UNESCO patrimoine mondial" Schutz. De Recht vun St-Louis as dann awer leider extrem dreckeg, wéi een och zum Deel op den Fotoen kann gesin.

No St-Louis sin mer dann mei an den Süden gefuer op d'Petite Côte, eng Art Mallorca vum Senegal. Glecklecherweis wor zu deem Moment keng Touristensaison an eisen Hotel wor formidabel, direkt um Mier ennert den Palmen.

No engem Teschenstop an der Réserve de Bandia, wou een enner aanerem Giraffen an Rhinos an freier Weldbahn ze gesin kritt, sin mer dunn op Dakar gefuer wou een sech einfach net langweilen kann. An der Stadt get et einfach souvill ze maachen, dovunner kennen mer zu Bamako nemmen dreemen. Een groussen Firdeel ass natirlech dass een d'Mier huet, eppes waat mir zu Bamako wierklech vermessen...

Flott ze gesin ass och enner aanerem d'Ile de Gorée, wou d'Fransousen an d'Hollänner d'Sklaven aus Westafrika souzesoen teschenstockéiert hun éier se se op eng laang an schwéier Rees iwwert den Atlantik gescheckt hun Richtung franséisch Antillen haaptsächlech. Wierklech ze empfehlen

Hoffen d'Biller gefaalen iech an zeckt net Froen ze stellen :-)

Gedreschenten Fësch - monster Gestank D'Fëscher kommen un mat hirem Fang

All Photoen kucken »

2 Kommentairen




En halwen Daag zu Pareis
Jaasi
28. Mee 2008 um 21:51

Nodeems eis en klengt Malheur geschidd ass mat engem Passport um Wee vun Letzebuerg op Bamako, hun mir missten 1 Daag mei zu Pareis bleiwen. Mir hun och direkt mol dovunner profitéiert an hun eis mol spontan en schéinen Tour duerch de Pareiser Staadtkäer gegönnt. Hei ennendrenner nach puer Impressiounen...

All Photoen kucken »

2 Kommentairen




Trip an den Norden
Jaasi
26. Abrëll 2008 um 17:22

D'Carole wor op eng Missioun vun der Aarbecht aus an den Norden vum Mali. Hat huet en ganzen Koup Fotoen matbruecht, et gesait een wierklech gudd dass d'Wüst (Sahara) emmer méi zum feindlechen Liewensraum vun der Bevölkerung do uewen get.

Hei ennendrenner sin en ganzen Koup impressiounen aus deser drechener Géigend.

All Photoen kucken »

0 Kommentairen




Eis Hausdéieren
Jaasi
13. Abrëll 2008 um 00:19

Hei am Haus laafen mol méi mol manner agréabel viecher ronderem :-)

Flixi muuss D'muuss passt op d'geméis op... ...an dofir kritt se och eng kleng belounung ;-)
Dem Carole sein beschten Frënn - en Gecko

All Photoen kucken »

0 Kommentairen




Trip an den Süden vum Mali
Jaasi
12. Abrëll 2008 um 13:34

D'Carole an ech woren mol rem eng Kéier an d'Brousse an fir méi prezis ze sin, op Sélingué. Zu Sélingué ass deen gréissten Barrage Hydraulique vum Mali an en gudden Deel vum elektresch vun Bamako kennt vun hei. Virum Barrage gouf eng riiseg Plaine mat Raïsfelder aménagéiert, et gesait wierklech impressionnant aus. Leider duerf een den Barrage net photographéieren, d'Malier hun Angscht et kéint een eng Attack drop man ;-)

Am groussen ganzen wor et een immens gemittlechen, an mol eng Kéier stressfreien Weekend...keng Kanner dei der hannendrun laafen "Donne moi Kado" oder "Donne moi manger", keen Commercant deen der rem iergendeppes well undréinen an och keen Motorrad daat dech zu all Seit iwwerhellt ;-)

Um Wee fir zreck op Bamako sin mer dann och nach eng "Usine de d'égrainage de cotton vun der CMDT (Companie Malienne des Textiles)
de cotton" kucken gaang. Hei get den Cotteng vun den Kären getrennt an dono verpaakt fir dann an Richtung Dakar transportéiert ze gin. Vun do aus get en an d'Welt verscheckt fir dass aaner Länner en verschaffen an groussen Profit drop man. D'Entwecklungslänner kreien dohier nemmen den Prais vun der matière première an man baal keen benefice drop.

Méi gesidd der op den Fotoen.
Enjoy!

gemittlech um bord vum en flughafen an der brousse ? wtf ?
eisen Hotel direkt beim Séi Bewässerungsaménagementer fir d'Raisfelder

All Photoen kucken »

0 Kommentairen




Am Zoo zu Bamako
Jaasi
27. Februar 2008 um 14:00

Wéi een sech firstellen kann, ass den standard vun den Zoos an Westafrika net graad sou héisch an agréabel fir d'Déieren wéi an Europa oder Amerika. Dass et SOU schlemm waer, hätt ech mer et net firgestallt.

Lëtzebuerger Déieren an Vulleschutzliga, w.e.g en Aan zoudrecken oder en Projet opsetzen...

Kuckt hei ennendrenner...

Ah bon ?
Spéitestens hei hun ech gewosst weisou souvill Ieselen am Zoo ronderem stin... Fudder fier d'Léiwen

All Photoen kucken »

1 Kommentaire




Sylvester 2007
Jaasi
11. Januar 2008 um 10:45

Och desen Sylvester 2007 gouf dann rem kräfteg an daat neit Joer 2008 rangefeiert, an daat ganzt beim Anne an Walfi doheem, deenen mer dann och heimadder villmols MERCI soen, dass se nom Jerry sengem Rouerbroch, hier Wunneng direkt zur Verfügung gestallt hun. Cheers !!!

Hei ennendrenner sin dann och nach puer Fotoen vun deem leschtegen Owend, mat firop dem Alain Rolleng, deen rem lass wor ! ;-)

Honggggeeeeeeeerrrrrrrrrr Nach méi Honnngggggeeerrrrrrrr
Gudd gespeist an zefridden De Rolleng nammt seng Kravatt

All Photoen kucken »

0 Kommentairen




Afrikanesch Konscht
Jaasi
13. Dezember 2007 um 13:54

Ech hun mer geduecht et wär och mol intressant ze gesin waat d'Afrikaner enner Konscht verstin, an et ass wierklech net schlecht ! Ech hun puer Fotoen vun den Konschtartikelen online gesaat dei mer sou doremmer fonnt hun op eisen Reesen

Kuckt iech et selwer un.

Masque soleil - Ethnie Bobo - Burkina Faso Masque Bobo - Burkina Faso Masques Kenya
Statuettes en bronze - Ouagadougou - Burkina Faso Masque de l'Ethnie Fang - Gabon Bogolan - San - Mali

All Photoen kucken »

0 Kommentairen




Eist doheem
Jaasi
28. Oktober 2007 um 00:24

An voila, hei sin puer Fotoen vun eisem neien Doheem fir dass der eng Iddi kritt, wou ech vegetéieren ;-)

Et ass souuuuuuuuuu schéin !

All Photoen kucken »

0 Kommentairen




Ausfluch op Siby
Jaasi
22. Oktober 2007 um 14:12

Läschten Samsdeg hun Carole an ech en klengen Ausflug op Siby gemaach waat ongeféier 50 km weit vun Bamako wesch an Richtung Guinée leit.

D'Landschaft as wierklech wonnerschéin do an och d'Rees bis dohinner wor eng Aventure, wéi d'Fotoen vun den Pisten weisen.

Vill Spaass beim kucken !

All Photoen kucken »

1 Kommentaire




Haaptsait
Sichen

Kategorien
» Edinburgh  (9)
» Belize 2007  (3)
» Mali 2007  (4)
» Mali 2008  (4)
» Misc  (4)
» USA 2007  (3)
Archiv
» 2008
» 2007
» 2006
Links
» Jens Bodenröder's Blog
» Dragan Markovic's Blog
» Dan Kerschen's Blog
» Anja Bodenröder's Blog
RSS 2.0 Feed